Still loading...

Still loading...

komma 15 حلقات يوليو 22, 2026

Real talk about life in-between. Cheryl and Laure share stories, doubts, struggles, and firsts (mainly in Luxembourgish) — from school, jobs, and relationships to dreams and decisions. Join them every two weeks for a mix of humor, honesty, and relatable moments.

حلقات

#17 - "E Plang B war ni eng Optioun" ft. Lou
#17 - "E Plang B war ni eng Optioun" ft. Lou يوليو 22, 2026 00:56:00 Ee Mol an de Weltall fléien. Iergendwann eng Palme d’Orgewannen. Eng Kéier an engem Film en Astronaut spillen. Dat sinn Dreem, déi wäit fort wierken, fir de Lou sinn et Ziler, déi zwar ëmmer nach wäit fort sinn, mee un deenen hien all Dag schafft an hofft hinnen iergendwann méi no ze kommen.De Lou ass 21, studéiert Schauspill zu New York an huet keng Zweifel dorun, dass hie säi Wee fonnt huet. Wéi
#16 - "Mir gouf meng Identitéit wechgeholl" ft.Thuto
#16 - "Mir gouf meng Identitéit wechgeholl" ft.Thuto يوليو 8, 2026 00:45:20 Wat mécht ee wann dat eegent Liewen op den Erwaardunge vun anere Leit opbaut, an een d’Gefill huet, net fräi ze sinn?Fir den Thuto war scho fréi kloer, hie wëll säin eegene Wee schreiwen - och wann dat net deen Einfachsten ass: et soll säi sinn!Vun Adoptioun, Fortlafen, Therapie an dem Wonsch no Fräiheet an Identitéit – an dëser Episod erzielt de Konscht-Schüler dem Cheryl an dem Laure seng Geschi
#15 - “du bass ni prett fir e Kand” ft. Nadia
#15 - “du bass ni prett fir e Kand” ft. Nadia يونيو 10, 2026 00:54:12 D’Laure huet mol rem eng Etüd dobäi an déi beseet,dass den Duerchschnëttsalter an deem Fraen zu Lëtzebuerg Kanner kréie bei 31,4 Joer läit. D’Nadia passt net an déi Statistik: hatt huet säi Jong mat 25 krut.Haut ass hatt, wéi d’Cheryl géif soen, “Entrepreneur-baddie a Single mom” a verréit firwat hatt dankbar ass, dass säi Liewen net där “typescher” timeline no gelaf ass.Mee wat ass schonn typesch
#14 - "Am falsche Kierper gebuer" ft. Elias
#14 - "Am falsche Kierper gebuer" ft. Elias مايو 20, 2026 00:42:43 “Ech dierf net aus der Roll falen”, “ech muss mech der Gesellschaft upassen fir derzouzegehéieren”, “ech soll esou si wéi anerer dat vu mir erwaarden” – dat sinn alles Gedanken, déi den Elias Dag fir Dag hat. Bis hie realiséiert huet, dass et SÄI Liewen, an NET dat vun Aneren, ass an hien et dowéinst och genee esou liewe sollt wéi hien dat wëll: als Mann!Den Elias war "am falsche Kierper" gebuer.
#13 - vum Spidol an de Studio ft. Michelle Barthel
#13 - vum Spidol an de Studio ft. Michelle Barthel أبريل 29, 2026 00:45:20 Radio ass linear — d’Liewe vun de Leit, déi een op Antenn héiert, net onbedéngt. D’Michelle Barthel huet fir Infirmière anesthésiste geléiert an am Beruff geschafft, bis et sech agestoe misst, dass dee Wee et net méi erfëllt.Tatsaach ass, dass d’Michelle eppes mat Passioun maache muss, soss klappt et net. “D’Tatsaach” ass och den Numm vun enger Zeitung, déi hatt schonn als Kand wollt opmaachen. Al
#12 - Raus aus der Comfort zone ft. Luca
#12 - Raus aus der Comfort zone ft. Luca أبريل 15, 2026 00:43:23 En impressionanten CV, ee royale Wonsch a ganz vill Passioun fir Makeup - dat ass de Luca De Michele, fir deen d'Cheryl an d'Laure an dëser Episod vu Still loading... ganz vill Froen haten.D'Theme waren divers, villäicht méi divers wéi d'Modelbranche zu Paräis? Nieft Abléck an de Beruff Makeup artist a firwat, deen ëmmer nach ënnerschat gëtt, ass et awer och ëm perséinlech Erfarungen a Gedankechao
#11 - Raum anhuele ft. Ceci
#11 - Raum anhuele ft. Ceci أبريل 1, 2026 00:47:46  “Ceci wat méchs du am Fong?” – Eng Fro, déi d’Cecilia Said Vieira als Freelancerin, Content Creatorin an Aktivistin méi oft ze héiere kritt an op déi och d’Cheryl an d’Laure eng Äntwert wollten. A kruten! Started from MSN, now we here – An dëser Episod vu Still loading... erzielt d’Ceci wéi a wou alles ugefaangen huet, fir wéi eng Zort vun Entreprisen hatt ni méi géif schaffen a firwat seng Meenu
#10 - "Juckt" ft. argentdifficile
#10 - "Juckt" ft. argentdifficile مارس 18, 2026 00:49:05 Ass dem Philippe, besser bekannt als argentdifficile, wierklech alles egal oder ass ëm näischt egal? Dat wollten d'Cheryl an d'Laure an dëser Episod vu Still loading... wëssen an hu sech den TikToker an Englesch-Proff an déi 10ten Episod vum Podcast agelueden.Geyapped gouf iwwer Frisbee-skills, vegan Ernärung, d'Social media-secret sauce an d'Balance tëscht Education.lu an Influencer-Dasein. Ob d'
#9 - Gecancelt wéinst Comic Sans MS? ft. Yannick
#9 - Gecancelt wéinst Comic Sans MS? ft. Yannick مارس 4, 2026 00:56:27 Yaya oder Yannick? Grafiker, Podcaster oder Social-Media-Personality? De Punkt op den i setzen oder sech upassen? Villäicht schléisst dat eent dat anert jo guer net aus, villäicht brauch ee guer keng Nische, just déi richteg tools am Liewen.Vun Diagnosen, verpasste Chancen, neien Dreem, Selbstvertrauen an dem richtegen Ëmfeld – an dëser Episod léieren d’Cheryl an d’Laure eng ganz Rëtsch u Facette
#8 - “Et mussen onangeneem Froe gestallt ginn” ft. Laurent
#8 - “Et mussen onangeneem Froe gestallt ginn” ft. Laurent فبراير 18, 2026 00:45:38 De Laurent ass oppen, mécht gäre Wuertspiller an en ass frëndlech, mengt e mol. Zum Schluss vun der Episod kënnen d’Laure an d’Cheryl dat dann och confirméieren, dat an de Fakt, dass seng Behënnerung zwar en Thema ass, ma hiennach laang net ausmécht. Esou erkläert sech dann och firwat et e bëssen dauert ier déi Dräi op déi offiziell Bezeechnung vum Laurent senger Aschränkung ze schwätze kommen a w
#7 - "d'Liewen ass e Puzzel" ft. Amii Watson
#7 - "d'Liewen ass e Puzzel" ft. Amii Watson فبراير 4, 2026 00:50:19 Weniger labern mehr machen, ganz no deem Motto huet d'Amii Watson a sengem Liewe scho ganz vill ausprobéiert: vu Fashion-Blog bis eng eege Kleedermark, vu Grafikdesign bis YouTube-Channel. Do huet hatt aktuell iwwer 800.000 Subscribers mam Projet Flavour Trip, deen et zesumme mat sengem Frënd dem Jimmy, lancéiert huet. Firwat grad dësen, vun allen hiren Iddien, esou gutt funktionéiert erkläert hat
#6 - Sektiounen ofschafen?! ft. Miss B.
#6 - Sektiounen ofschafen?! ft. Miss B. يناير 21, 2026 01:00:07 Jiddereen huet eng Meenung zum Schoulsystème, mee elo mol ganz konkret: wéi gesi Leit aus dem Secteur dat eigentlech – wat ass still loading bei education.lu, wat misst een änneren a wat leeft gutt?Wärend d’Cheryl am franséische Schoulsystème war a sechfreet firwat eng G och mol als Poubellsklass bezeechent gëtt, huet d’Laure vun Dag 1 un de Parcours matgemaach, en Deel dovun och mat der Miss B. a

موصى به